Monat: Oktober 2018

Memberskaarten Schouljoër 2018/2019 // cartes membres année scolaire 2018/2019

— LU — Léif Elteren, Um Ufank vum neie Schouljoer wëllen d’Memberen vum Comité vun der Elterevereenegung vun der Schoul Béiwen Iech häerzleschst begréissen. Wéi all Joer wäerte mir ons och dëst Joer fir d’Interessie vun de Schüler an hiren Elteren asetzen. Donieft ënnerstëtze mir och och mat finanzielle Mëttele Aktivitéiten op schouleschem wéi och ausser-schouleschem Plang, déi nëmmen duerch är Ënnerstëtzung méiglech sin: Niklosfeier Liichtmëssdag Informatiouns- an Austauschowender fir d’Elteren Kannerbicherausstellung Coupe scolaire Schoulsportdag Schoulfest Aktivitéiten (Ausflich, Kannermolatelier, Schlittschongpiste,…) Fir dëst kënne finanziell besser ëmzesetzen sin mir op är Memberschaft ugewisen. Ënnerstëtzt eis wegl., andeems Dir Member an...

Read More

Trauliichtdag an der Robbesscheier zu Munzen

!!! SOLD OUT !!! — LU — D’Elterevereenegung organiséiert an der Allerhellgevakanz fir d’Kanner aus all Cycle (Précoce – C4) en Ausfluch op Munzen an d’Robbesscheier. Do hielege mir Trauliichter aus an huelen un anere flotten Halloween-Atelieren deel. No de verschiddenen Aktivitéiten schléisse mer mat engem gemeinsamen Owendiessen of. Um Menü stinn: Kürbiszopp, Gromperekichelcher a Kuch. RDV ass um 12h45 zu Béiwen bei der Schoul. Vun do aus fuere mir mam Bus op Munzen. Mir si géint 19h30 rem zréck. D’Kanner vum Précoce an aus dem Cycle 1 musse vun engem Erwuessenen begleet ginn. D’Elteren vun deenen anere Kanner sinn natierlech och häerzlech wëllkomm...

Read More
Zur Werkzeugleiste springen